Episod 5: Lost

Nodeems mir de Mike scho ganz am Ufank wéinst feelender Internetverbindung verluer haten, brécht no enger 20 Minutten och nach d’Connectioun op Cardiff of. Grond genuch, fir d’wallisesch Haaptstad e bëssi méi genee ënnert Lupp ze huelen. Ausserdeem hu mir gebaken, informéieren eis iwwert Zitrounegras, danzen um gréisste Séi vun Europa. Mir brieche Glieser, schmaache Kuch a campéieren um Bodensee. Mir diskutéieren iwwert d’Cause vun eise Verbindungsschwieregkeeten, léieren onnëtz Saachen a staunen iwwert d’Méiglechkeete vu Google Maps. Mir trainéieren dem Obama säin Hond a froen eis, wat fir ee Gesellschaftsspill als nächst verfilmt gëtt.

Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.


Dauer: 51:35

Episod 4: Déi mat de Na’vi an de Klingonen

Mir kucken zeréck op d’Kinosgeschicht an entdecken déi erfollegräichst Filmer vun allen Zäit. Mir schwenke portugisesch Fändelen a mir froen eis op et dowert ass fir de Weltënnergang nach um Liewen ze sinn, oder op ee besser sollt schon virdrunner Schluss maache fir an der Häll firzestoen an der Schlaang. Ausserdeem diskutéiere mer iwwert fiktiv Sproochen an froen eis wéi et mat der Sproochesituatioun an der Integratioun zu Lëtzebuerg steet. A no den Afennëss déi leschte Kéier ginn mer dës Kéier e puer interessant Fakten iwwer Tomate gewuer.

Opgeholl an de Studioe vum Radio Ara.

Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.


Dauer: 45:47

Episod 3: Déi mam ouni Mike

Wann d’Kaz net do ass, danzen d’Mais um Dësch. An eiser leschter Episod vun dësem Joer geet et e bësse méi anarchesch zou ewéi bis elo. Mir podcasten aus dem Bett a befaassen eis mat onse Kommentatoren, ginn eis erzkathoulesch, diskutéieren iwwer d’Iwwerwaachung, entdecken den neiste Wantersport Schnéischëppespottting, mir léieren vill Neies iwwert Nëss a Schéckefriichten an mir verschlëmmbessere déi lëtzebuergesch Wikipedia. A well eis bekanntlech alles depressiv mécht, streide mer och driwwer op d’Jorzéngt elo iwwerstanen ass oder net, an op Selbstmord eng Léisung ass.

Déi schlecht Audioqualitéit beim Joël deet eis Leed, hien huet säin Équipement leider mussen zu Wien loossen. Déi nächste Kéier gëtt et hien awer och erem bei héiger Bitrat.

Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.


Dauer: 21:24

Episod 2: Oh du selige

Sidd dier glécklech iwwert di 2. Episod? Mir sinn et! An wat gëtt et besseres wéi glécklech ze sinn?

An dëser Episod schwätze mer iwwert:

- Statistiken
- De Kleeschen ass komm
- Wat mécht glécklech
- Komasaufen
- Konscht
- an e puer Outtakes di mer dran gelooss hunn ;)

Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.


Dauer: 34:13

Episod 1

No laangem Plange sinn mer endlech online: deen neiste Podcast aus Lëtzebuerg. An onser éischter Episod erklären mer kuerz, firwat mir dat maachen an wat de Numm Gedibbers iwwerhaapt heescht. Eis Themen an dëser éischter Episod:

- Ass de Robert Enke en Held?
- Sollt een sech géint d’Schwéngsgripp impfe loossen?
- Wou sinn all d’Epicerien hin verschwonnen?

Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.


Dauer: 29:49

© Gedibbers. All Rechter virbehalen.
Theme Copyblogger vum Chris Pearson mat e puer Upassungen.