Episod 1

No laangem Plange sinn mer endlech online: deen neiste Podcast aus Lëtzebuerg. An onser éischter Episod erklären mer kuerz, firwat mir dat maachen an wat de Numm Gedibbers iwwerhaapt heescht. Eis Themen an dëser éischter Episod:

- Ass de Robert Enke en Held?
- Sollt een sech géint d’Schwéngsgripp impfe loossen?
- Wou sinn all d’Epicerien hin verschwonnen?

Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.


Dauer: 29:49

9 Kommentarer ↓

#1 Georges den 24.11.2009 um 16:40 Auer

Flott Iddi, dat Gedibbers, an ëmsou méi huet et mech gefreet wéi ech op Twitter dovu gelies hunn, well ech nach näischt vun deem Projet wousst, vu que dass ech zënter Méint schonn net méi regelméisseg meng Feeds aus der Blogbuerg liesen.

Mech géif nawell interesséieren, wéi dee Podcast zustane kënnt. Ëmmerhin sinn 2 vun iech meeschtens am Ausland a fir sech dann all 2 Wochen zesummenzesetzen dierft am Real Life wuel kaum méiglech sinn. Dir kënnt är Nolauschterer jo vläicht an engem vun den nächsten Episoden e bëssen hannert d’Kulisse luusse loossen. Och op der Säit “Iwwert Eis” kéinten zousätzlech Linken op är eege Blogen gesat sinn. Ech weess zwar wien hannert dem Mikro sëtzt, mä déi déi op dëse Podcast “stumblen” hätten dann och direkt d’Méiglechkeet méi iwwert d’Auteure gewuer ze ginn.

#2 Chris den 24.11.2009 um 17:09 Auer

Sorry, ech hu mech missen doduerch quälen.

Net, dass ech d’Iddi schlecht fannen, ech sinn ëmmer erëm frou fir dem Joël an dem Thierry hir Meenungen zu Saachen ze héieren, well se meeschtens gutt iwwerluecht a recherchéiert sinn (vum Pa a Mike weess ech net sou vill). An och soss fannen ech sou bëssen konzentréiert Diskussiounskultur nëmme luewenswäert.

Mä, wat mäi Problem war, an dat kann sech eventuell och just op dës éischt Episod beschränken: d’Themen, wéi se gewielt goufen, a wéi se behandelt goufen (Enke a Gripp, net Epicerie) si mir ze repetitiv gewiescht. Dat sinn alles Saachen, déi ech scho gelies an héieren hunn, an et nach emol ze héieren huet munches net wierklech méi pertinent gemaach.

Zum Contenu: dem Mike säi generellt Mësstrauen ass, a mengen Aen, komesch, an bei dénger Astellung zum Enke vermëssen ech e bëssen, dass de dech selwer mat deem heie Blogpost vun dir vu viru bal zwee Joër ausernee setzen: http://sulfura3.blogspot.com/2008/02/verstoppen-am-ltzebuerger-land.html.
Ech mengen, ech hunn näischt iwwert den Enke gesot gehat bis well uechtert d’Internet, an ech wëll et och dobäi beloossen. Soe mer sou, ech verfollege seng Carrière säit 1998 a fir mech war et en absolute Schock.

An huet de Mike wierklech eng Verschwörungstheorie hannert der Impfcampagne ugedeit?

#3 Charles Betz den 24.11.2009 um 17:52 Auer

Sou lo wollt ech am Fong grad dat selwecht schreiwen wéi de Chris, an loossen et also sin. Bei sengem läschten Abschnitt geif ech just nach puer Ausrufungszeechen dobei setzen.
Ech generell fannen sou Discussiounsronnen jo prinzipiell intressant a wichteg, et muss een awer (an dat macht dir jo och) seng Limiten agesin. Eng Kéier alles nozeverdauen wat souwisou schon oft genuch am Netz steet ass menger Mehnung no net sou intressant datt ech lo schon géif op di nächst Folleg waarden. Punkto Impfung muss ech soen (konstruktiv Kritik) datt et heiansdo schwéier ass fir eng objektiv Mehnung ze hun ouni ausreichend Fachkenntnisser. Entschellegt wann dat elo fuerchtbar iwerhiefleg klengt, mee en Duerchschnettsbierger huet weineg Ahnung vun Epidemiologie an Viren, ausser déi zwee Zeilen déi se op Wikipedia liesen an op Galileo gesin. Dat féiert zu emmer erem de selwechten Verwiesslungen, onberechtegten Gleichstellungen (zb saisonal Gripp vs Pandemie vun engem Serotyp) an Verschwörungstheorien.
Ech sin iwerzeegt dass dir alleguerten daat besser kënt a wësst, a sou freen ech mech awer op di nächst Editioun vun ärem Gedibbers.

#4 Joël den 24.11.2009 um 19:28 Auer

Technesch ass daat ganzt eng Konferenz iwer Skype gewierscht, woubai jiddereen seng Tounspuer bei sech opgeholl huet, fir bestmeiglech Qualitéit ze hunn. Also net esouu immens opregend ;)

Waat d’Themen ungeht, denken ech daat een sech déi Kritik nëmme kann zu Härzen huelen an evtl. méi allgemeng respektiv méi speziell (fir vun dem “middle of the road” wechzekommen) wiehlen.

#5 Georges den 24.11.2009 um 21:11 Auer

Ah jo, Skype natierlech. Ech si scho rëm sou old school, dass d’Warnungen vu Skype, dass mäi Rescht-Kredit ofleeft wann ech Skype net op d’mannst rëm eng Kéier uschmäisse géif, entweder am Spam-Dossier ukomm waren, oder ech se einfach net registréiert hat, sou dass ech virun e puer Wochen d’Meldung kritt hunn, dass mäi Kredit verfall ass. -.-

Kleng Kritik um CSS: roude Verdana bold am comment-form input schreckt éischter of fir laang Kommentarer ze schreiwen. ;-)

#6 Tom den 24.11.2009 um 21:46 Auer

Well eigentlech jhust nach eppes hei dobäi fügen an dat zum “Thema Robert Enke.” Ech sinn do eigentlech op enger Ligne mam Chris (Carrière zenter 98/99 méi oder wéineger verfollegt, Schock etc.). Waat ech awer Schued fonnt hunn ass dass dir ierch eigentlech jhust op 1 vun den 2 Tabuthemen, déi dësen trageschen Evenement opgeworf huet, konzentréiert hutt. Ech haat mer beim “Thema Robert Enke” och erwaard dass min. 1 Satz iwwert Depressiounen giff faalen. Schued.

#7 Thierry den 24.11.2009 um 22:48 Auer

Ech mengen, dat ass konstruktiv Kritik déi mer eis gären zu Härz huelen. Et war des Kéier e bëssen méi enk mat den Themen, well mer eben och eng Säit hunn missten online kréien, Intro schneiden, technesch Detailer ausschaffen, asw.

Zur Diskussion em d’Impfen: mir erhierwen jo guer net den Usproch, d’Leit do elo iwwert iergendwelch pharmakologesch Fakten opzeklären. Mir sinn alle véier Laien an deem Beräich, et goung eis just drëm eis Vue vun der Problematik – als Laien – ze diskutéieren. Mä dat ass eventuell eppes, wou een sech iergendwann eng Kéier kéinnt Gäscht alueden, déi engem dat erklären. Mir hunn jo och Bildungsoptrag, an sou.

Okay, gëtt geännert. Wann d’Säit op eemol net méi geet: offiziell war dat dann de Joël. :P

Depressioun ass een heikelt Thema. Eventuell kéinnt een dat an enger méi spéiderer Episod diskutéieren, an net nemmen op de Robert Enke begrenzt. Am Moment kurséiert jo och erem d’Wanterdepressioun.

#8 Mike den 25.11.2009 um 09:39 Auer

Eischtens war et dass alles bessi knapp komm ass, zweetens war et dass mer alle 4 net wosste, weini en Thema beschwaat ass an weini nach eppes ze soe wier. Mer wollten partout net iwert ons gesaate Limite vun 40 Minutte goen, an do sin mer bessi duerch Themen gesprint ouni e puer wichteg Aspekter (wei z.b. beim Enke) unzeschwätzen.

Mee doweinter hun mer jo Kommentarer. Wann mer ons daat zu Herzen huelen dann kann et jo nemme besser gin ;)

BTW: Ech stellen keng Verschwörungstheorien op, ech deiten just drop hin dass den Timing e bessi lusch ass vun den Evenementer. Mei wait geet main Gedanken och net. Waat awer secher ass, et brengt Geld an, ob d’Grippe elo gewollt oder ongewollt war.

@Chris: Ech war bessi nervös (waat ee bestemmt gemierkt huet) an do hun ech nemmi dru geduet dass ech engker driwer gebloggt haat. Ech war eigendlech mei dermadd beschäftegt ze kucken ween schwetzt, waat en seet, an fir ze kucken dass keng laang Pausen entstinn bzw. keng Monologen entstin. Daat ass awer eppes waat mat all Episode besser gët.

Waat mech un mer selwer bessi gesteiert huet war eischter dass ech brutal vun engem Thema op daat aanert gewiesselt sin. Do musse mer Themen esou komme loose dass den Themewiessel mei fleissend an der Diskussioun fiirkennt.

#9 Charles Betz den 25.11.2009 um 11:15 Auer

Wéi wier et wann all Kéiers een anren vun Iech géif d’Gespréich leeden? Géif dat vleicht mei Koherenz an Struktur gin?

Hannerlooss ee Kommentar

© Gedibbers. All Rechter virbehalen.
Theme Copyblogger vum Chris Pearson mat e puer Upassungen.