Episod 3: Déi mam ouni Mike

Wann d’Kaz net do ass, danzen d’Mais um Dësch. An eiser leschter Episod vun dësem Joer geet et e bësse méi anarchesch zou ewéi bis elo. Mir podcasten aus dem Bett a befaassen eis mat onse Kommentatoren, ginn eis erzkathoulesch, diskutéieren iwwer d’Iwwerwaachung, entdecken den neiste Wantersport Schnéischëppespottting, mir léieren vill Neies iwwert Nëss a Schéckefriichten an mir verschlëmmbessere déi lëtzebuergesch Wikipedia. A well eis bekanntlech alles depressiv mécht, streide mer och driwwer op d’Jorzéngt elo iwwerstanen ass oder net, an op Selbstmord eng Léisung ass.

Déi schlecht Audioqualitéit beim Joël deet eis Leed, hien huet säin Équipement leider mussen zu Wien loossen. Déi nächste Kéier gëtt et hien awer och erem bei héiger Bitrat.

Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.


Dauer: 21:24

4 Kommentarer ↓

#1 Chris den 21.12.2009 um 10:44 Auer

Dat do war déi bescht Episod bis ewell. Hands down.

#2 Mike den 21.12.2009 um 11:02 Auer

Dekadent an wahnsenneg… op eng positiv Art a Weis

#3 Mike den 21.12.2009 um 11:08 Auer

Mee ech fannen et passt an di pre-Chreschtdaags Stemmung :P

#4 Charles Betz den 22.12.2009 um 11:59 Auer

Top! Witzeg, spontan an mäin Numm get erwähnt… Wat wëll ee méi

Hannerlooss ee Kommentar

© Gedibbers. All Rechter virbehalen.
Theme Copyblogger vum Chris Pearson mat e puer Upassungen.