Mir kucken zeréck op d’Kinosgeschicht an entdecken déi erfollegräichst Filmer vun allen Zäit. Mir schwenke portugisesch Fändelen a mir froen eis op et dowert ass fir de Weltënnergang nach um Liewen ze sinn, oder op ee besser sollt schon virdrunner Schluss maache fir an der Häll firzestoen an der Schlaang. Ausserdeem diskutéiere mer iwwert fiktiv Sproochen an froen eis wéi et mat der Sproochesituatioun an der Integratioun zu Lëtzebuerg steet. A no den Afennëss déi leschte Kéier ginn mer dës Kéier e puer interessant Fakten iwwer Tomate gewuer.
Opgeholl an de Studioe vum Radio Ara.
Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.



7 Kommentarer ↓
Mike wann s de schon eng Facebook Grupp zitéiers, da w.e.g. richteg ;) “Ej wöll eis letzeboiesch Sproch retten, mais… Kramatick? Wat ass dat??”
http://www.facebook.com/group.php?gid=259771259492
P.S. Weider sou, dir gitt ëmmer besser :)
Dat gouf jo alles aus der Erënnerung zitéiert, do kënnen esou Feeler mol virkommen. Merci fir den Hiweis / Link. :)
An Merci! Et freet eis natirlech emmer esou eppes ze héieren!
Et gin iwregens nemmen e Grapp voll Leit déi wierklech fléissend klingonesch schwätzen…. http://www.slate.com/id/2217815/
Ech hunn och en Uewen.
Hunn ech do grad rem dat Wuert “Selbstmord” héieren?
Dee Punkt mat der Inflatioun um Filmpräis as interessant.
ich find manchmal seid ihr echte Anti-Witz-Künstler ohne es zu merken ;)
und in meinem Elternhaus gibts auch nen Ofen,also falls ihr keinen Krieg wollt,dann Schluss mit den Ofen-Witzen
Hannerlooss ee Kommentar