Episod 5: Lost

Nodeems mir de Mike scho ganz am Ufank wéinst feelender Internetverbindung verluer haten, brécht no enger 20 Minutten och nach d’Connectioun op Cardiff of. Grond genuch, fir d’wallisesch Haaptstad e bëssi méi genee ënnert Lupp ze huelen. Ausserdeem hu mir gebaken, informéieren eis iwwert Zitrounegras, danzen um gréisste Séi vun Europa. Mir brieche Glieser, schmaache Kuch a campéieren um Bodensee. Mir diskutéieren iwwert d’Cause vun eise Verbindungsschwieregkeeten, léieren onnëtz Saachen a staunen iwwert d’Méiglechkeete vu Google Maps. Mir trainéieren dem Obama säin Hond a froen eis, wat fir ee Gesellschaftsspill als nächst verfilmt gëtt.

Audio clip: Adobe Flash Player (version 9 or above) is required to play this audio clip. Download the latest version here. You also need to have JavaScript enabled in your browser.


Dauer: 51:35

4 Kommentarer ↓

#1 Mike den 25.01.2010 um 10:56 Auer

Zu de Verfilmunge fällt mer just daatheiten an: http://www.youtube.com/watch?v=LHY8NKj3RKs

#2 Thierry den 26.01.2010 um 01:33 Auer

Wat sidd dir Idioten. :P

D’Cardiff Castle, de Wales Millenium Center (wou Konzerten gespillt ginn, Komiker optrieden, Liesungen gehal ginn), Norwegian Church (wou de Roald Dahl gedeeft gouf), Y Senedd (déi wallisesch Regierung), d’Wetlands Reservat (wou een zimlech vill rare Déieren gesäit), de National Museum, Llandaff Cathedral, St Fagan’s National History Museum, Castell Coch (ee Märcheschlass), d’Doctor Who Austellung, eng ganz Tonn Konschtzentren… Also et gëtt genuch hei ze kucken. ;)

#3 Thierry den 26.01.2010 um 01:46 Auer

Nach e Film, deen zu Lëtzebuerg gedréit gouf ass An American Werewolf in Paris, do hunn se d’Klinikszenen am Lycée Technique du Centre gedréit (meng éischte Kéier op engem Filmset! :D).

#4 Joël den 26.01.2010 um 08:40 Auer

Stëmmt! Ech hunn den Film zwar net gesinn, mä do fiert anscheinend een Bus mat der Opschreft La Fraise duerch d’Bild.

Hannerlooss ee Kommentar

© Gedibbers. All Rechter virbehalen.
Theme Copyblogger vum Chris Pearson mat e puer Upassungen.